Besuchstablett, Bahá’u’lláh an de Báb (#14309)

*Dës Tablett gëtt an de Schräiner vum BAHÁ’U’LLÁH a vum Báb gelies. Et gëtt och dacks benotzt fir Hiren Doudesdeeg ze gedenken.


De Luef, deen aus Dengem héchsterhuewene Wiesen ervirgeet, an d’Herrlechkeet, déi aus Denger stralender Schéinheet schéngt, rouen op Dir, o Du, deen s Du d’Offenbarung vun der Gréisst bass, de Kinnek vun der Éiwegkeet, an den Här iwwer all, déi am Himmel an op der Äerd sinn. Ech bezeien, dass duerch Dech d‘Herrschaft vu Gott a Säi Räich an d’Majestéit vu Gott a Seng Gréisst offenbaart sinn, an d’Sonne vun uréiweger Pracht hire Glanz op den Himmel vun Denger onwidderruflecher Veruerdnung stralen an d’Schéinheet vum Onsichtbaren iwwerem Horizont vun der Schëpfung schéngt. Ech bezeien ausserdeem, dass mat enger eenzeger Beweegung vun Denger Fieder Däi Gebot “Sief!” a Kraaft gesat, Gottes verbuergent Geheimnis opgedeckt an alles Erschafent an d’Liewe geruff an all d‘Offenbarungen erofgeschéckt sinn.
Ausserdeem bezeien ech, dass duerch Deng Schéinheet d’Schéinheet vum Ugebieten entschleiert gëtt, dass aus Dengem Gesiicht d’Gesiicht vun Deem, no deem mir verlaangeren, erschéngt an dass Du duerch ee Wuert vun Dir tëschent allem Erschafenen entscheets, wouduerch déi, déi Dir ergi sinn, zur héchster Herrlechkeet eropkommen, an déi Ongleeweg an den déifsten Ofgrond falen.
Ech bezeien: Wien Dech erkennt, erkennt Gott, wien an Deng Präsenz kënnt, erreecht Gottes Präsenz. Grouss ass dofir d’Séilegkeet vun deem, deen un Dech an Deng Zeeche gleeft an deen damiddeg virun Denger Herrschaft knéit an deen d’Éier huet, Dir ze begéinen, deen et erreecht, Dengem Wëllen ze gefalen, deen Dech ëmkreest a virun Dengem Troun steet. Ongléck deem, deen Dir géintiwwer sënnegt, deen Dech verleegent an Deng Zeeche verwërft, an Deng Herrschaft bestreit, a sech géint Dech erhieft a stolz ginn ass virun Dengem Ubléck, Deng Beweiser a Fro stellt, an dee virun Denger Uerdnung an Herrschaft fortleeft an zu den Ongleewege gehéiert, deenen hir Nimm vun de Fangere vun Dengem Uerder op Deng helleg Tafele geschriwwe sinn.
O mäi Gott an Deen, deen ech gär hunn, blos dann op mech, aus der rietser Hand vun Dengem Erbaarmen an Denger Gnod, den hellegen Otem vun Denger Gonscht, fir dass e mech vu mir selwer a vun der Welt fortzitt, hinn zum Haff no bei Dir an zu Denger Präsenz. Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält. Du stees wierklech iwwer allem.
D’Gedenke Gottes a Säi Luef, d’Herrlechkeet Gottes a Säi Glanz rouen op Dir, o Du, deen s Du Seng Schéinheet bass! Ech bezeien, dass d’A vun der Schëpfung nach ni op en Ënnerdréckte wéi s Du gekuckt huet. Däi ganzt Liewe waars Du an e Mier vu Leed gedaucht. Eemol louchs Du a Ketten a Fesselen, eng aner Kéier waars Du vum Schwäert vun Denge Feinde bedrot. An awer, trotz all deem, hues Du alle Mënschen zur Flicht gemaach, dat ze befollegen, wat Dir vun Him, dem Allwëssenden, dem Allweisen, virgeschriwwe gouf.
Looss mäi Geescht en Affer sinn, fir d’Onrecht, dat s Du erlidden hues, a meng Séil e Léisegeld, fir all d’Onglécker, déi s Du erdroen hues. Ech biede Gott, bei Dir a bei deenen, deenen hiert Gesiicht mam Glanz vun der Luucht vun Denger Präsenz erliicht gëtt, an déi aus Léift zu Dir alles befollegt hunn zu deem si opgeruff goufen, huel d’Schleier ewech, déi sech tëschent Dech an Deng Kreature leeën, a gëff mir dat Gutt vun dëser Welt an der Welt, déi kënnt. Du bass a Wierklechkeet den Allmächtegen, den Héchtserhuewenen, den Allherrlechen, den Ëmmerverzeienden, de Matleedvollsten.
Seen Du, o Här mäi Gott, de gëttleche Bam a seng Blieder a seng Äscht a seng Zweiger a seng Stiller a seng Schëtz, soulaang Deng héchst erhuewen Titelen daueren. Beschütz en da virun der Däiwlerei vum Ugräifer an den Arméie vun der Tyrannei. Du bass a Wierklechkeet, den Allmächtegen, de Gewaltegsten. Seen Du och, o Här mäi Gott, Deng Dénger an Deng Déngerinnen, déi bei Dech komm sinn. Du bass wierklech den Allbaarmhäerzegen, deem Seng Gnod onendlech ass. Et gëtt kee Gott ausser Dir, dem Ëmmerverzeienden, dem Generéisten.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

